Skip to main content

News

5te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Jos Roller
© Jerry Gérard
Nach 3 Ekippen ouni punktverloscht

Bäi den Hären sinn et der direkt 2 woubäi de VC Luerentzweiler nom kloren 3-0 géint de VC Fenténg esouguer nach 1 Saz manner verluer huet wéi den aktuellen Titelverdeedeger VC Stroossen. Déi Stroossener hunn am hire Match e Saz géint de VC Belair hänke gelooss. Iwwerdeems huet de CHEV Diekirch géint de Volley Bartréng missten iwwert déi voll Distanz goen an Iechternach geet mat 3-1 op Esch gewannen an steet no 3 Victoiren aus 5 Matcher e bëssen iwwerraschend op der drëtter Plaz vun der Tabell.

VCL Hommes 1 VCF Hommes 1
EVBC Hommes 1 VBE Hommes 1
VCS Hommes 1 VCB Hommes 1
CHEV Hommes 1 VB Hommes 1

Bäi den Dammen ass et d' Résidence Walfer déi nach keen Punkt hu missen ofginn. Och de VC Mamer hat keng Chance géint déi routinéiert Walfer Ekipp. An der Tabell direkt hannert Walfer steet Gym Volley, déi zwar och nach kee Match verluer hunn mee emol e Punkt u Mamer ofginn haten. Am Match géint de VC Stengefort gouf et eng 3-1 Victoire. Mam selweschte Resultat setzt sech de Volley Bartreng zu Dikrech duerch an Péiténg dominéiert de Volleyball Iechternach kloer mat 3-0.

V80P Dames 1 VBE Dames 1
RSRW Dames 1 VCM Dames 1
GYM Dames 1 VCSTE Dames 1
CHEV Dames 1 VB Dames 1

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News