Skip to main content

News

Stroossen leet vir am Challengecup

| Coupe d'Europe
© Francis Manderscheid | Media4all
© Francis Manderscheid | Media4all

An der éischter Ronn vum europäeschen Challenge Cup konnt sech am Duell vun de Noperen de VC Stroossen mat 3-1 géint de Volley Bartreng behaapten. Eenzeg am drëtte Saz konnt de Supercup Gewënner, Bartreng, vun de Stroossener Schwächte profitéieren.

De Retourmatch ass de nächste Mëttwoch zu Stroossen. Hei mussen déi Stroossener just nach 2 sätz gewannen fir sécher an déi nächst Ronn ze kommen. Do waart dann déi hollännesch Ekipp Orion DOETINCHEM op de Lëtzebuerger Vertrieder.

Volley BARTRENG – VC STROOSSEN

(22-25, 18-25, 25-14, 17-25)

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News