Skip to main content

News

1 - 0 fir d' Titelverdeedeger

| Championnat
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

Esouwuel bei den Dammen, wéi bei den Hären hu sech d' Titelverdeedeger Walfer, an hirem Match géint Mamer, a Stroossen, géint Bartreng, an der éischter vun 3 méigleche Finallen duerchgesat.

Bei den Dammen war et eng ganz serréiert Partie. Béid Ekippen hu vill Drock mam Service gemaach an haten och hier Défense gutt op de Géigner agestallt. Dëst huet d' Spektateure mat sëlleche laange Ballwiessele belount. Um Enn konnt sech d'Résidence mat 3-2 behaapten.

Am Match ëm déi drëtte Plaz behaapt sech d' Gym Volley géint de Volley 80 Péiteng.

Och bei den Hären goufen d' Spectateure verwinnt. Manner duerch eng spannend Partie, dofir awer ëmsoiu méi mat spektakulären Aktiounen a Kombinatiounen. Den Volley Bartreng huet 3 Sätz laang gutt dogéint gehal, mee konnt am véierte Saz näischt méi géint déi Stroossener ausriichten.
 
De Match ëm d'3t Plaz am Championnat gouf schonn den 27.3. gespillt an hei konnt sech de VC Luerentzweiler duerchsetzen.
 
 
FLVB News