Skip to main content

News

Novotel Ligue Semifinals Round 2

| Championnat
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

Alles kloer bei de Männer - 3t Ronn bei den Dammen

 Iwwerdeems bei den Hären de Volley Bartreng och den 2te Match géint den eigentleche Favorit Luerentzweiler gewanne konnt a sech de Vc Stroossen beim CHEV Dikrech ouni grouss Géigewier duerchsetze konnt ass d' Finall tëscht den 2 Noperen Bartreng a Stroosse perfekt.

Am Playdown behaapte sech Iechternach a Fenteng souverän géint de Belair an Amber-Lënster.

Bei den Dammen huet et d'RSR Walfer eng éischte Kéier des Saison erwëscht. Ouni Nathalie Braas an der Pass hu sech déi Walfer Dammen der Péitenger Motivatioun a fënnef Sätz misse geschloe ginn. An der zweeter Halleffinall huet sech Gym Volley fir déi kloer Defaite an der éischter Ronn géint de VC Mamer revanchéiert. Domatt kënnt et bei den Dammen de nächste Weekend zu decisive drëtte Matcher.

Am Playdown setze sech Stengefort an Esch kloer géint Dikrech a Bartreng duerch.

 

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News