Skip to main content

News

Novotel Ligue Semifinals Round 1

| Championnat
© Gerard Jerry

Bartreng, Stroossen bei den Hären a Walfer a Mamer bei den Damme leeë vir

Mat deels Neien awer bekannte Gesiichter ass de CHEV Dikrech zu Stroossen ugetrueden. No engem kloren 1te Saz fir Heemekipp hu sech Gäscht nach emol opgerappt an ausgeglach. Duerno war der Iwwerleeënheet vu Stroossen awer kee Kraut méi gewuess. Am Match tëscht Lorentzweiler a Bartreng goung et bis an de fënnefte Saz. En excellent opgeluechten Antoine Cornil huet fir Bartreng d'Differenz gemaach. Hei dierf een sech elo schonn op eng ganz spannend 2t Halleffinall freeën.

Am Playdown goufen et kloer Victoiren fir den VB Iechternach an de Vc Fenténg.
 

Bei den Dammen goufen et 2, iwweraschend kloer, Victoiren fir d'RSR Walfer an de VC Mamer. Bei Mamer war d' Marie Reiter zréck am Kader, Zesumme mam Svetlana Stoyanova hu si d' Gym Volley wuel iwwerascht, déi keen adequat Rezept fonnt hunn fir dogéint ze halen.

Wéi bei den Hären goufen et och bei den Damme kloer Victoiren fir d' Favoritten VC Stengefort an Escher VBC. 
 
FLVB News