Skip to main content

News

11te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Jos Roller | VC Lorentzweiler

Um 11te Spilldag koum et bei den Damme zum Spëtzematch RSR Walfer géint VC Mamer. Hei hunn déi Walfer missen eng éischte Kéier des Saison bis an de fënnefte Saz goen. Si bleiwen awer weiderhinn ongeschloen. Am Kellerduell konnt sech de Volley Bartreng kloer géint de CHEV Dikrech behaapten iwwerdeems den Volley 80 seng Chancen no Halleffinallen mat engem 3-0 zu Stengefort stabiliséiere kann. Gym léisst näischt géint Esch ubrennen a wënnt doheem mat 3-0.

Bei den Hären bleift et spannend am Kampf ëm déi 4t Plaz. Dikrech huet keng Chance zu Bartreng gehat an de VC Fenténg wënnt, no verpasstem Start, mat 3-1 um Belair. Iechternach konnt genee esou wéineg géint de Leader Stroossen bestoen ewéi Amber-Lënster zu Luerentzweiler.
 
 
FLVB News