Skip to main content

News

Novotel Cup 34 in the books

| Novotel Cup
© Fernand Schmitz
© Fernand Schmitz

Déi 34. Editioun vum Novotel Cup ass Geschicht. Mat insgesamt 4 Néierlagen aus 5 Matcher ass de Bilan manner gutt wéi erwaard. Et goufen awer och vill positiv Amenter déi een elo muss konstruktiv mathuelen an déi nächst Méint fir am Summer besser preparéiert ze sinn.

Bei den Dammen goufen et eng ganz enk an eng méi kloer Defaite géint U20 vun Eisteräich. An engem zousätzlechen Trainingsset konnten d' Lëtzebuerger U20 awer weise wat si drop hunn an gewannen. 

LUXEMBOURG   AUSTRIA 2 - 3 (27:25 19:25 20:25 25:22 16:18)
AUSTRIA   LUXEMBOURG 3 - 0 (25:15 26:24 26:24)

Fir d' Lëtzebuerger Hären gouf et no der 3-1 Victoire géint déi Franséich Jugendselektioun näischt méi ze huelen. Géint England stoung ee sech mat 25 Fehler um Service selwer am Wee an am Match ëm déi zweete Plaz haten d' Eisträicher méi Kampfgeescht a Leidenschaft op den Terrain bruecht.

All d' Resultater fannt dir op novotelcup.lu

LUXEMBOURG   FRANCE 3 - 1 (17:25 25:21 25:21 25:16)
LUXEMBOURG   ENGLAND 1 - 3 (17:25 31:29 17:25 20:25)
LUXEMBOURG   AUSTRIA 2 - 3 (25:23 25:23 19:25 16:25 9:15)

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News