Skip to main content

News

6te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Jos Roller

An de Spëtzematcher vum Weekend gouf et deels richteg spannenden Volleyball ze kucken. Bei den Hären huet sech de VC Stroossen a 5 enke Sätz beim VC Luerentzweiler duerchsetze kënnen. Net grad esou enk war et am Match tëschent dem Volleyball Iechternach an dem VC Fenteng wou sech d'Eagles no 0-2 Réckstand nach mat 3-2 behaapte konnten. Dikrech wënnt géint de Belair an de Volley Bartreng wënnt ouni Problemer géint Amber-Lënster.

Och bei den Damme koum et zum Spëtzematch tëscht der Gym Volley an dem RSR Walfer. Hei hun déi Walfer hier Dominanz um Service ënner Beweis gestallt an de Match 3-1 fir sech decidéiert. Mamer behaapt sech 3-0 géint Péiteng, genee wéi Stengefort zu Dikrech. Am Duell tëschten dem Escher VBC an dem Volley Bartreng konnt den Opsteiger mat 3-1 gewannen.

 
FLVB News