Skip to main content

News

Stroossen an Luerentzweiler am Challengecup

| Coupe d'Europe
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© CEV

Mat der rumänescher Ekipp Steaua Bukarest hat de VC Luerentzweiler e schwéiert Lous kritt. No engem schwéieren éischte Saz huet sech d'Ekipp vum Serge Karier awer ëmmer besser an de Match gespillt a konnt de Vollprofien virun enger fantastescher Kuliss e Saz ofknäppen. 

Den VS Stroossen krut et Auswäerts mat de Slowake vu Komarno ze dinn. Och de Lëtzebuerger Champion hat e schwéieren Optakt a loung schonn 0-2 an de Sätz hannen. Gilles Braas a Co hunn awer dunn hier ganz Erfahrung op den Terrain bruecht an de Match gedréint. Deemno stinn Chancen fir Qualifikatioun an de nächsten Tour guer net schlecht. Den Heemmatch ass en Dësnchdeg em 19h30 zu Stroossen.

Match Result

  • VC LORENTZWEILER (LUX) - Steaua BUCURESTI (ROU) 1-3 (16-25, 25-23, 16-25, 23-25)
  • Rieker UJS KOMÁRNO (SVK) - VC STROOSSEN (LUX) 2 - 3 (25-15, 27-25, 19-25, 18-25, 10-15)

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News