Skip to main content

News

4te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Jerry Gérard

Walfer an Gym bei den Dammen sinn och nom 4te Spilldag an der Novotel Ligue nach ongeschloen. Och wann Walfer beim VC Mamer den éischte Saz vun der Saison huet missen ofginn, bleiwen si den Ament un der Spëtzt vun der Tabell. Och Gym huet zu Esch e Saz hänke gelooss, de Match an der Suite awer dominéiert. Péiténg sammelt wichteg Punkten géint Stengefort an Dikrech konnt sech an engem ganz emkämpfte Match déi éischt Victoire vun der Saison géint de Volley Bartreng sécheren.

V80P Dames 1  - VB Dames 1 3:0 ( 25:11 25:15 25:17 )  
VCM Dames 1  - RSRW Dames 1 1:3 ( 25:27 19:25 25:22 22:25 )    
EVBC Dames 1  - GYM Dames 1 1:3 ( 25:23 14:25 18:25 18:25 )    
V80P Dames 1  - VCSTE Dames 1 3:0 ( 25:18 25:17 25:19 )    
CHEV Dames 1  - VB Dames 1 3:2 ( 27:25 18:25 25:22 22:25 15:9 )

Bei den Hären sinn direkt 3 Ekippe nach ongeschloen, woubäi de VC Luerentzweiler an de Volley Bartreng an hire Matcher géint den aktuell véierten CHEV Dikrech, nëmmen 2 vun 3 méigleche Punkte kritt hunn. Stroossen deklasséiert de Volleyball Iechternach an de VC Fenténg kann déi éischt Victoire vun der Saison géint de VC Belair feieren.

VBE Hommes 1  - VCS Hommes 1 0:3 ( 15:25 18:25 15:25 )    
VCF Hommes 1  - VCB Hommes 1 3:1 ( 25:17 25:13 26:28 25:17 )     
VBAL Hommes 1  - VCL Hommes 1 0:3 ( 20:25 10:25 10:25 )    
CHEV Hommes 1  - VB Hommes 1 2:3 ( 28:26 25:23 19:25 15:25 13:15 ) 

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News