Skip to main content

News

2te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Jerry Gérard

Um zweete Spilldag vun der Novotel Ligue koum et bei dem Dammen zu engem richtege Spëtzematch tëschent der Gym Volley an dem VC Mamer. Hei konnten déi Mamer Dammen d' Erwaardungen awer net erfëllen a verléiere kloer an 3 Sätz. Donieft gewënnt Walfer zu Stengefort an den EscherVBC ka seng éischt Victoire an der NLD géint de CHEV Dikrech verbuchen. De Match Péiteng géint Bartreng konnt net gespillt ginn a gëtt zu engem spéideren Datum nogeholl.

 

Bei den Hären konnte sech d' Favoritten VC Stroossen, VC Luerentzweiler, CHEV Dikrech an de Volley Bartreng géint hier respektiv Géigner Belair, Volleyball Iechternach, Amber-Lënster a VC Fenténg all Kéiers mat 3-0 duerchsetzen.

 

 
FLVB News