Skip to main content

News

Weber/Hilbert wannen A-Cup zu Mainz

| BEACH
Tags: Beach
© Maciek Complak

Leschte Samsdeg stung den A-Cup zu Mainz um Programm. No engem schwéieren éischte Match, kënnt Ekipp Complak/Woloanksi 2 Ronne weider am Loserbam, ier si schlussendlech no mettelméissegem Spill knapp 1:2 (12:15, 15:13, 13:15) verléieren an 9. vun 21 Equipe ginn.
Nodeems Weber/Hilbert  an der  Woch just dreimol traineieren konnten, waren d Erwardungen un desen A-Turneier mat engem 24er Bam natierlech net ze grouss. Beim eichte Match huet et awer guer net sou schlecht ausgesinn.  An der Véirelsfinal ass et dann geint Seed 1 gaangen.  An der Hallewfinal konnten Lëtzebuerger souverän 2:0 gewannen.
An der Finall konnten si dann eng zweete Kéier déi un Nr1 gesaaten Ekipp bezwéngen.. 
Félicitatioun un de Steve & Colin, déi hir Leeschtungen vum Virjoër confirméieren an den Tournoi wannen, bravo!

FLVB News