Skip to main content

News

Coupe de Luxembourg Hommes

| Coupe de Luxembourg
© volleyball.lu / Francis Manderscheid

Am éischten Tour vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bäi den Hären kënnt et zu engem ganz intressanten Duell tëschent zwou Ekippen aus der Novotel Ligue. Hei kann de CHEV Diekirch op den Heemvirdeel géint de VC Luerenzweiler zielen. Och den Derby tëscht dem VB Amber-Lënster an dem VB Echternach stécht eraus. Anecht wéi nach am Barragematch 2022 kann Amber-Lënster dës Kéier vu 4 Punkte Virsprong pro Saz profitéieren. Wéi bäi den Dammen gouf och bäi den Hären e Fräilous fir de Coupeverdeedeger, VC Stroossen, gezunn.

FLVB News