Skip to main content

News

Stroossen a Walfer verdeedegen de Championstitel

| Championnat
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

An der éischter Titelfinall um 17h30 zu Bartreng huet sech de VC Stroossen ëmmer séier e Virsrpong erausgespillt deen si dunn mat enger stabiler Receptioun bis zum Schluss geréiert hunn. Wann et och vill flott a spektakulär Ballwiessel gouf, konnt ni richteg Spannung opkommen an et gouf keen Zweiwel wien de Match géing gewannen.

VB Hommes 1 VCS Hommes 1  

Do war den Dammematch scho vill méi spannend. D' Gym Volley huet virgeluecht, Walfer de Match gedréint an dunn huet Gym nees ausgeglach fir Walfer an de 5te Set ze zwéngen. Hei goung der Résidence a fréie Virsprong vu 5-1 duer fir de Match ze gewannen an domatt den 8. Championstitel an der Veräinsgeschicht ze feieren.

GYM Dames 1 RSRW Dames 1

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News