Skip to main content

News

12te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Fernand Schmitz
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

Eischt Defaite fir Walfer 

Am Dammechampionnat suergt de VC Mamer an engem ganz emkämpfte Match fir déi éischten Defaite vun der Residence Walfer, déi awer nach souverän un der Tabellespëtzt bleiwen. Zu Stengefort huet et sech Gym Volley selwer schwéier gemaach fir nom 2-0 Virsprong awer nach bis an de fënnefte Saz ze goen, do awer dann mat 15-11 gewanne konnt. Péiteng stabiliséiert sech mat der 3-0 Victoire zu Waldbelleg géint Iechternach op der véierter Plaz iwwerdeems de Volley Bartreng no der 3-1 Victoire géint Dikrech och nach theoretesch Chancen op eng Participatioun an den Halleffinallen huet.

VB Dames 1 CHEV Dames 1
VBE Dames 1 V80P Dames 1
VCM Dames 1 RSRW Dames 1
VCSTE Dames 1 GYM Dames 1

Fenteng fuerdert Luerenzweiler

Bäi den Hären huet de Volleyball Iechternach nees zréck an d' Erfollegsspuer fonnt a gewënnt mat engem souveränen 3-0 géint den Escher VBC. Stroossen hat keng Problemer beim VC Belair. Am Spëtzematch tëscht Bartreng an Dikrech konnt sech de CHEV um Enn mat 3-1 behaapten. Um Sonndeg Owend hat den VC Fenteng dem Vc Luerenzweiler d' Liewe schwéier gemaach an hat et just ganz knapps net an de fënnfte Saz gepackt. 

VCB Hommes 1 VCS Hommes 1
VB Hommes 1 CHEV Hommes 1
VBE Hommes 1 EVBC Hommes 1
VCF Hommes 1 VCL Hommes 1

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News