Skip to main content

News

9te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Gerrard Jerry
Bartreng iwwerrascht Stengefort

Um 9te Spilldag an der Novotel Ligue bäi den Dammen huet de Volley Bartreng géint de VC Stengefort eng gutt Affär gemaach a klëmmt mat der 3-0 Victoire op déi 4te Plaz am Klassement. Mamer, Walfer an Gym Volley kënne sech all Kéiers souverän géint Iechternach, Dikrech a Péiteng behaapten.

RSRW Dames 1 CHEV Dames 1
VCSTE Dames 1 VB Dames 1
VCM Dames 1 VBE Dames 1
GYM Dames 1 V80P Dames 1

 

Keng surprise bai den Hären

Am Championnat bäi den Hären gouf déi aktuell Logik vun der Tabell respektéiert. Dikrech konnt ouni hire blesséierte Passeur nët de néidegen Drock opbauen fir de VC Stroossen un d' Limitten ze bréngen. Bartreng behaapt sech genee esou kloer géint eng deziméiert Fenténger Ekipp ewéi de VC Luerentzweiler géint Esch. E bësse méi serréiert war de Match tëschent dem VC Belair an dem Volleyball Iechternach, wou d' Gäscht hir 3-1 Victoire aus dem Allermatch confirméiere konnten.

VCB Hommes 1 VBE Hommes 1
VCL Hommes 1 EVBC Hommes 1 3:0 / 75:60 (25:17 25:23 25:20)
VCF Hommes 1 VB Hommes 1
VCS Hommes 1 CHEV Hommes 1

 

FLVB News