Skip to main content

News

7te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
2 Ekippen ongeschloen no der Hironn

Résidence Walfer a VC Stroossen dominéieren d' Hironn vun der Novotel Ligue 2022-2023. No 7 gespillte Matcher huet d' Residence Walfer grad mol 1 Saz ofginn. D'Gym Volley steet op der zweeter Plaz virun dem VC Mamer. Op der 4ter Plaz huet de VC Stengefort nëmmen 1 Punkt Avance op de Volley80 Péiteng an 2 op de Volley Bartreng. Ofgeschloen op den zwou leschte Plazen an der Tabell stinn den Ament de CHEV Dikrech an de Volleyball Iechternach.

V80P Dames 1 VCM Dames 1
VBE Dames 1 VB Dames 1
CHEV Dames 1 VCSTE Dames 1
RSRW Dames 1 GYM Dames 1

Bäi den Hären huet Stroossen bis ewell 2 Sätz ofginn ma steet awer alleng un der Spëtzt vun der Tabell. Direkt hannendru kënnt de Vc Luerentzweiler op der 2ter, de CHEV Dikrech op der 3ter an de Supercup Gewënner Volley Bartreng, déi sech dëse Weekend am direkten Duell mam Volleyball Iechternach en 2 Punkte Virsprong op de Play-down erausgespillt hunn. Hannert der Iwweraschungsekipp Iechternach op der 5ter Plaz kommen de Vc Fenténg, de VC Belair a bis ewell nach ouni Punkt, den Escher Volleyball Club.

VBE Hommes 1 VB Hommes 1
VCS Hommes 1 VCL Hommes 1
CHEV Hommes 1 VCF Hommes 1
EVBC Hommes 1 VCB Hommes 1
FLVB News