Skip to main content

News

3te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© RTL Sport Livearena
© RTL Sport Livearena
Krimi um Holleschbierg!

Den Vc Fenténg huet fir zweete Kéier hannerteneen missen iwwer 5 Sätz goen. Dës Kéier gewënnt d' Ekipp vum Trainer Dragan Vujevic mat 3-2 géint de VC Belair. Während den Escher VBC dem Champion Stroossen e Saz ofhëllt kënnen de Vc Luerenzweiler an de CHEV Diekirch hir Matcher géint de Volley Bartreng respektiv de Volleyball Iechternach mat 3-0 gewannen.

VCS Hommes 1 EVBC Hommes 1
CHEV Hommes 1 VBE Hommes 1
VCL Hommes 1 VB Hommes 1
VCF Hommes 1 VCB Hommes 1
Walfer weider ouni Sazverloscht

D'Résidence Walfer ka sech och um 3te Spilldag mat 3-0 behaapten. Dëss Kéier konnten déi Péiténger keen Saz géint Braas, Hoffmann a Co gewannen. De Volley Bartreng hëllt dogéint dem CS Gym Volley den éischte Saz of iwwerdeems de CHEV Diekirch an de VC Mamer mat 3-0 Här a Meeschter géint de VB Iechternach an de VC Stengefort bleiwen.

GYM Dames 1 VB Dames 1
VCSTE Dames 1 VCM Dames 1
CHEV Dames 1 VBE Dames 1
V80P Dames 1 RSRW Dames 1

 

 

FLVB News