An de Finallen vun der Coupe de Luxembourg gouf et esouwuel bei den Dammen ewéi bei den Hären all Kéiers eng souverän 3-0 Victoire fir d' Favoritten VC Mamer (géint de Volley Bartreng) an VC Stroossen (géint de VC Fenteng). Deemno konnte béid Ekippen hieren Titel an der Coupe de Luxembourg verdeedegen.