An der leschter Halleffinall vun der Novotel Ligue konnt sech de Volley Bartreng am decisiven drëtte Match mat 3-1 zu Luerentzweiler behaapten. Domatt kënnt et zur Neioplaag vum Dauerbrenner VC Stroossen géint Volley Bartreng. Béid Ekippen kruten et jo, niewent de reguläre Matcher, schonn an der Supercoupe (Gewënner: Bartreng) esouwéi am europäeschen Challengecup (Gewënner 2x Stroossen) mateneen ze dinn.
Am Playdown bei den Hären konnt sech de VC Fenteng wichteg Punkten am Kampf ëm déi fënneft Plaz géint de Volleyball Iechternach sécheren, iwwerdeems sech de VC Belair mat 3-1 géint den Escher VBC duerchsetze konnt.
Bäi den Dammen konnten déi zwee Kontrahenten an den Halleffinallen vun der Coupe de Luxembourg Volley Bartreng a CHEV Diekirch sech an hire Matcher géint de VC Stengefort an de Volleyball Iechternach duerchsetzen.