Skip to main content

News

Best of 3 - Round 1

| Championnat
© Jerry Gérard

An der éischter Dammefinall huet sech Walfer mat 3-1 géint Gym Volley duerchgesat. Virun eegenem Public huet Walfer den éischte Saz nach missen un Gym ofginn. Während engem spannenden zweete Saz, ass d' Heemekipp besser an de Match komm, krut Service an Receptioun stabiliséiert a konnt esou de Match nees dréinen an um Enn dach souverän gewannen. De Retourmatch ass e Samschdeg den Owend 20h00 um Cents.

RSRW Dames 1 GYM Dames 1

DE VC Stroossen konnt sech an der éischter Novotel Ligue Härefinall kloer doheem géint de Volley Bartreng behaapten. Virun allem de Stroossener Block huet déi Bartrenger viru massiv Problemer gestallt. Am Retourmatch e Samschdeg um 17h30 zu Bartreng muss den Supercupgewënner sech massiv verbesseren fir dem frëschgebakene Coupegewënner nach an en drëtte Match ze zwéngen.

VCS Hommes 1 VB Hommes 1
FLVB News