Skip to main content

News

14te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

All set for the Playoffs

Mam leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn ass gewousst wien an den Halleffinallen muss géint wien untrieden.

An der Novotel Ligue vun den Hären bleift de VC Stroossen och am 14te Match ongeschloen an zitt mam Maximum vun 42 Punkten als Leader an d' Halleffinallen. Hei spillt de Champion en titre géint de CHEV Diekirch, déi sech gëschter iwweraschend géint de VC Fenténg huet misse geschloe ginn. An där anerer Halleffinall treffen den VC Luerenzweiler op de Volley Bartreng.

Fir den Escher VBC ginn et nach theoretesch Chancen sech vun der Ofstiigs - respektiv Barrageplaz ze retten, iwwerdeems d' Course ëm déi fënneft Plaz tëscht dem Volleyball Iechternach an dem Vc Fenteng nees nei lancéiert ass. 

VCB Hommes 1 EVBC Hommes 1
VB Hommes 1 VBE Hommes 1
VCL Hommes 1 VCS Hommes 1
VCF Hommes 1 CHEV Hommes 1

 

Bäi den Dammen konnt sech d' Résidence Walfer am Spëtzematch mat 3-1 bäi der Gym behaapten a spillt an den Halleffinallen géint de Volley 80 Péiteng iwwerdeems de VC Mamer géint Gym Volley untriede muss. Am Playdown gesäit et ganz schlecht fir den Opsteiger Iechternach aus. Dëst, nodeems de CHEV Dikrech mat 3-2 beim VC Stengefort gewanne konnt. Den Volley Bartreng brauch dës Saison nët méi em de Maintien ze fäerten.

VB Dames 1 VBE Dames 1
GYM Dames 1 RSRW Dames 1
VCSTE Dames 1 CHEV Dames 1
VCM Dames 1 V80P Dames 1

 

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News