Skip to main content

News

11te Spilldag Novotel Ligue

| Championnat
© Jos Roller | VC Lorentzweiler
© VC Fentange

Its' Crime Time an der Novotel Ligue

Bäi den Dammen gewënnt de VC Mamer 5 Sätz géint Gym Volley iwwerdeems de CHEV Dikrech an och de Volleyball Iechternach hir respektiv Géigner Péiteng a Stengefort un de Bord vun engem Sazverloscht drécken. Zweemol konnte sech d' Favoritten awer nach in extremis mat 27-25 behaapten. Walfer hat am Match géint de Volley Bartreng keng gréisser Problemer eng weider Victoire ze feieren.

GYM Dames 1 VCM Dames 1
RSRW Dames 1 VB Dames 1
VCSTE Dames 1 VBE Dames 1
CHEV Dames 1 V80P Dames 1

An och bäi den Hären war den 11te Spilldag näischt fir schwaach Nerven. Am Match tëschent Fenteng an Iechternach goufe 4 vun de 5 Sätz mam klengstméiglechen Ënnerscheed vun 2 Punkten decidéiert. Um Enn konnt sech Fenténg mat 17-15 am fënnefte Saz duerchsetzen. Ähnlech spannend war et bäi Dikrech géint Esch wou den Escher trotz der 2:3 Defaite den éischte  Punkt vun der Saison verbuche konnt. Méi kloer woren Matcher Stroossen - Bartreng a Luerenzweiler - Belair wou sech d' Heemekipp all Kéiers kloer behaapt huet.

VCF Hommes 1 VBE Hommes 1
VCS Hommes 1 VB Hommes 1
VCL Hommes 1 VCB Hommes 1
CHEV Hommes 1 EVBC Hommes 1
FLVB News